Nächst Aktivitéiten

04. 08.2025

Bingo


Verbréngt e gesellege Nomëtteg mat Bingo a flotte Präisser.


Auerzäit: 14h30 am Club
Präis: gratis

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
11. 08.2025

Spillnomëtteg + Handaarbechten


Mir treffen eis fir ze heekelen, strécken an ze poteren.
Kaarten, Scrabble, Rummy-Cup, Mensch-ärgere-Dich-nicht, Cornhole a villes méi stinn Iech zur Verfügung.


Auerzäit: 14h30 am Club
Präis: gratis

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
13. 08.2025

Les Jardins d'Alyséa


„Eis Ariichtung bitt all de moderne Confort a verfüügt iwwer all d’Equipementer, déi eis Bewunner brauchen. D’Fleegeheem läit matten an engem schéine Gaart zu Krautem. Dës ideal Ëmgéigend garantéiert Iech Rou, Gebuergenheet a Sécherheet.
D’Residenz hëlt wéineg fleegebedierfteg, fleegebedierfteg an/oder desorientéiert Persounen an ënnerschiddlechen Zëmmeren op, déi un de jeeweilege Fleegeopwand an un d’Besoine vun all eenzelen ugepasst sinn. Jee no eisen Disponibilitéiten an Äre Wënsch bitt d’Fleegeheem Alysea Iech eng Kuerzzäitfleeg, e Vakanzenopenthalt oder eng permanent Betreiung.“
Kommt mat a besicht dës 5-Stäre-Fleegeresidenz am Réiserbann a léiert hir Philosophie, hier Raimlechkeeten, Servicer asw. kennen. Bei enger Taass Kaffi an engem Stéck Kuch kënnt Dir Är Froen stellen.


Auerzäit: 14h15 beim Club / Minibus
Präis: gratis

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
18. 08.2025

Quiznomëtteg


Verschidden Quiz-Aarten a Spaass erwaarden Iech.


Auerzäit: 14h30 am Club
Präis: gratis

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
20. 08.2025

Tréier: Marc Aurel


Mir besichen zesummen d’Ausstellung am „Landesmuseum“. Duerno bleift Zäit fir e Mëttegiessen an déi eng oder aner Kommissioun zu Tréier.


Auerzäit: 09h00 beim Club / Reesbus
Präis: 54,00 € inkl. Trajet, Entrée a Visitt

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
20. 08.2025

Liescafé


Virliesen, nolauschteren, an d’Ge-spréich kommen, zesummen an aner Welten andauchen, Perspektiven austauschen, Emotiounen deelen... Esou kann een eise Liescafé beschreiwen. Zesumme liese mir de Moment:

Altern Von Elke Heidenreich


Auerzäit: 10h30 bis 12h00 am Club
Präis: gratis

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
22. 08.2025

Musée de l'Ardoise Martelange


Mat enger Visitt vum Schiefermusée zu Marteleng kënnt Dir eng Rees an d’industriell Vergaangenheet vun der Regioun ëm Marteleng an dem Grand-Duché Lëtzebuerg maachen. 22 historesch Gebaier a Ruinen iwwer 8 ha verdeelt, bidden en Abléck an d’Atelieren, an denen Schmadd a Schräiner hirer Aarbecht nogaangen sinn, Galerien, Büroen, Wunnengen fir d’Aarbechter an eng Villa mat engleschem Park a Juegdschlass. D’Visitt ass nëmmen iwwerierdesch. Duerno ass e gemeinsaamt Mëttegiesse virgesinn, bevir et zeréck op Bierchem geet.


Auerzäit: 09h00 beim Club / Minibus
Präis: 28,00 € inkl. Trajet a Visitt

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
28. 08.2025

Schueberfouer


Wéi all Joer ass kuerz virun der Rentrée an der Stad um Glacisfeld eis traditionell Schueberfouer ze fannen. Fir d‘Mëttegiesse loosse mir eis e Fouermenü an engem vun deene ville Restaurante schmaachen. Uschléissend hutt Dir Zäit fir iwwert dat liewegt Areal vum Glacis ze flanéieren a vläicht traut Dir Iech och op dat eent oder anert Spill.


Auerzäit: 11h19 Gare Bierchem
Präis: gratis

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
29. 08.2025

Internet: Youtube


Wéi benotzt een YouTube? Den Daniel Silva erklärt Iech alles iwwer Subscribers, Vlogs an Influencer.

Referent: Silva Daniel, Internetstuff Roeserbann



Auerzäit: 14h30 am Club
Präis: gratis

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht