Nächst Aktivitéiten

28. 10.2026

Virtrag: Fraenhaus / SOS Détresse


D’Fraenhaus bitt Fraen – mat oder ouni Kanner – déi Affer vu haislecher Gewalt oder Mënschenhandel sinn, Schutz, Sécherheet an Ënnerstëtzung. D‘Fraenhaus verfüügt iwwer 16 Zëmmeren, dorënner och en Noutfallzëmmer.
D’Zil ass et, Fraen an hir Kanner um Wee zu engem selbstbestëmmte Liewen ze begleeden. Dëst geschitt duerch individuell sozial Begleedung, d’Fërderung vun der finanzieller Onofhängegkeet souwéi duerch d’Vernetzung mat Fachstellen fir eng nohalteg Integratioun.
Zousätzlech engagéiert sech d’Fraenhaus an der Präventioun, sensibiliséiert d’Ëffentlechkeet fir d’Thema „Haislech Gewalt“ a schafft enk mat institutionellen a soziale Partner zesummen.


Auerzäit: 14:30 Auer am Club


Auerzäit:
Präis: gratis / Scheckiwwerrechung Don 2025

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
30. 10.2026

Molen a genéissen


Kommen Sie mit ins Haus «Taygeta» in Ralingen. Dort erwarten Sie Lydie und Pascal in Ihrem Atelier. Sie sind eingeladen, zu malen und zu geniessen. Material ist vorhanden. Leinwand bitte mitbringen.
Um die Mittagszeit erwartet Sie ein Buffet, zubereitet von Pascal, der uns beim «Kachen und genéissen» schon von seinen Kochkünsten überzeugt hat.


Auerzaît: 09:45 Auer beim Club / Minibus
Präis: 30 € fir Atelier, Buffet an Trajet

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
30. 10.2026

Virtrag: Spillen um Handy


Déi meeschte Spiller si voller Reklammen oder verlaangen een Abo. Den Här Silva presentéiert Iech gratis Alternativen.

Referent: Silva Daniel, Internetstuff Roeserbann


Auerzäit: 14:30 Auer am Club
Präis: gratis

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
06. 11.2026

Virtrag: Trauer Omega 90


Komm, mir schwätzen driwwer! – Trauer
Trauer gehéiert zum Liewen. Wann e Mënsch stierft, dee fir eis wichteg war, geréit villes aus dem Gläichgewiicht. Trauer ass eng natierlech Reaktioun op dëse Verloscht – an awer gëtt et kee richtegen oder falsche Wee, domat ëmzegoen.
An dëser Konferenz schwätze mir doriwwer, wat Trauer eigentlech ass, wéi si sech weise kann a firwat all Mënsch op seng eege Manéier trauert. Mir wëllen Informatioune ginn, Virurteeler ofbauen an e Raum schafen, fir sech mat dësem wichtege Liewensthema auserneenzesetzen.


Auerzäit: 14:30 Auer am Club
Präis: gratis

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
07. 11.2026

Kachen a genéissen: Korea


An der 3. Editioun vum koreanesche Kachcours mam Steve a Sumin léiert dir zwou lecker koreanesch Zoppe kennen: Kimchi Jjigae an Dwenjang Jjigae. Déi éischt ass herzhaft schaarf, mat zaartem Schwéngefleesch an hausgemaachtem Kimchi, déi zweet op Basis vu fermentéierter Sojabounen-Paste an vegetaresch. Alle béid genéisse mir zesumme mat Räis a klenge Geméisbäilagen.


Auerzäit: 09:30 Auer am Club
Präis: Käschte gi gedeelt


Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
08. 11.2026

Thé dansant


Musek an Animatioun:
Orchester Rol Girres

zesumme mam Frënn vum Drëtten Alter Réiserbann organiséiert.



Auerzäit: 15h00 bis 19h00 am Club
Präis: 10 € fir d'Entrée

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
08. 11.2026

Thé dansant


Musek an Animatioun:
Orchester Rol Girres

zesumme mam Frënn vum Drëtten Alter Réiserbann organiséiert.



Auerzäit: 15h00 bis 19h00 am Club
Präis: 10 € fir d'Entrée

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
11. 11.2026

Keele spillen


Hutt Dir Loscht op e gudde Maufel an e puer Klatzen ze schéissen? Eis Keelenequipe weist Iech, wéi et geet.


Auerzäit: 11:30 Auer Café beim Kueb,
24, rue du Luxembourg, L-4391 Pontpierre
Präis: Keelebunn ass gratis, Mëttegiessen individuel

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
12. 11.2026

Senioresécherheetsberoder


„An dësem Virtrag vun de Senioresécherheetsberoder*innen gitt Dir gewuer, wéi Dir Iech viru verschiddene Bedruchsmasche schütze kënnt. Themae vum Virtrag sinn ënner anerem, den Enkeltrick, Trickdéifstall an Tricken un der Hausdier.
Mir, d'Senioresécherheetsberoder*innen vu GERO, ginn Iech praktesch Rotschléi a weisen Iech, op wat Dir am Alldag oppasse sollt. Sou bleift Dir sécher, selbstbewosst a gutt informéiert. »
Natierlech kënnt Dir am Uschloss un d’Konferenz Froe stellen.


Auerzäit: 19:00 Auer am Club
Präis: gratis / Collaboratioun mat der Kommissioun

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
18. 11.2026

Soirée Littéraire: "Immigration"


Assunta Christophe-Esposito vous présentera son livre «Itinéraires d’une petite fille de Baselice» dans lequel elle raconte l’histoire de sa famille.
En 1955, enfant, elle émigre avec ses parents et ses deux sœurs, d’un petit village du sud de l’Italie, vers la Lorraine des mines de charbon. Plus tard, en 1972, avec la famille qu’elle aura elle-même fondée, elle rejoindra le Grand-Duché.


Auerzäit. 18:30 Auer am Club
Präis: gratis

Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
20. 11.2026

Visitt: Police Musée


Das Polizeimuseum in Capellen zeigt die Geschichte der luxemburgischen Polizei und Gendarmerie anhand von Uniformen, Ausrüstungen, Fahrzeugen und historischen Dokumenten. Es bietet eine Dauerausstellung sowie wechselnde Sonderausstellungen. Viviane Eschenauer wird uns fachkundig durch das Museum begleiten und uns sicher Interessantes berichten.


Auerzäit: 09:00 Auer beim Club / Minibus
Präis: 12 € fir den Trajet a Visitt


Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
25. 11.2026

Atelier: Wäschklammerns


Warm angezogene Püppchen lassen sich liebevoll aus Wäscheklammern und Wolle basteln. Passend zur kalten Jahreszeit sorgen sie für eine wohlig warme Stimmung.
Wer eine Strickliesel zuhause hat, kann diese mitbringen.


Auerzäit: 14:30 Auer am Club
Präis: 5 € fir den Atelier a Material


Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht